D’Wuert vum President

Léif Lieserinnen, léif Lieser,

Mat vill Emotioune kucke mir op d’Joer 2024 zeréck – e Joer, dat gepräägt war vu groussen Erausfuerderungen, kollektive Leeschtungen a positive Verännerungen. Dëse Moment ass d’Geleeënheet fir eis Fortschrëtter Revue passéieren ze loossen an eis Visioun fir d’nächst Joer an doriwwer eraus mat iech ze deelen.

D’Zesummenaarbecht mat eiser neier Direktioun huet eis erméiglecht wichteg Schrëtt no vir ze maachen an eis Organisatioun weider ze stäerken. D’Aféierung vun enger moderner “Gouvernance” an d’Reorganisatioun vun eisen Departementer gehéieren zu deene Moossnamen déi eis méi flexibel an effikass maachen. D’Recommandatiounen aus dem Audit 2023 waren am Mëttelpunkt vun eise Prioritéiten an si hunn eis d’Richtung virgin fir eis Prozesser a Servicer z’optimiséieren an eis intern Strukturen ze verstäerken. En anere wichtege Punkt dëst Joer war eis Investitioun an eis Mataarbechter. Duerch d’Astellung vun neien Talenter, d’Opstellung vun ambitiéise Formatiounsprogrammer an d’Kollaboratioun mat bal 800 Gemengebeamten hu mir eise Mataarbechter d’Geleeënheet ginn hir Kompetenze weider z’entwéckelen an domat de Sigi als Organisatioun ze stäerken.

Fir 2025 hu mir zwee strategesch Schwéierpunkten definéiert. Als éischt wäerte mir d’Relatioun mat eise Membersgemengen weider verstäerken, ënner anerem wäerte mer dediéiert Uspriechpartner, sougenannte « Key account Manager » astellen. Mier entwéckelen och weider Léisungen déi besser un di spezifesch Besoine vun de Gemengen ugepasst sinn. Ee besonneschen Highlight wäerte mer kennen an enger vun den nächsten Editioune virstellen. Ausserdeem wäert den technologesche Fortschrëtt am Mëttelpunkt stoen andeems mir innovativ Technologien notze fir eis Programmer méi performant a benotzerfrëndlech ze maachen. Mir wëllen net nëmmen eis Servicer verbesseren, mee och dem Vertraue gerecht ginn dat dir an eis setzt. Géigesäitegt Vertrauen ass d’Viraussetzung fir eng gutt an effikass Zesummenaarbecht a läit eis duerfir besonnesch um Häerzen.

Ech wëll Iech all Merci soen fir di immens Ënnerstëtzung di mir an deem läschte Joer vun iech kruten. Ee besonnesche Merci och un eis Mataarbechter fir hiren enormen Engagement. Et spiert een dass si all determinéiert sinn mat Iech zesummen an eng ambitiéis Zukunft ze goen an hiren Deel zur Modernisatioun vun de Gemenge bäizedroen.

2024 geet op en Enn an ech hoffen dir kënnt och zefridden op Äert Joer zeréckblécken. Wann der d’Méiglechkeet hutt, dann huelt eng Auszäit an notzt d’Feierdeeg fir wäertvoll Momenter mat Äre léifste Mënschen ze verbréngen. Ech wënschen Iech Freed, Rou a positiv Energie.

Mir freeën eis op eng weider flott Zesummenaarbecht am neie Joer 2025, wou mer weider wäerten dru schaffe fir en SIGI ze opzebauen, deen nach méi performant, innovativ an op Är Besoinen agestallt ass.

Zesumme mam Bureau wënschen ech Iech alleguer schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an d’Joer2025.

Mat häerzleche Gréiss,

Philippe Meyers
President vum SIGI



Le mot du Président


Chères lectrices, chers lecteurs,

C’est avec beaucoup d’émotions que nous portons un regard sur l’année 2024 – une année marquée par de grands défis, des réalisations collectives et des changements positifs. Ce moment est l’occasion idéale de faire le point sur nos progrès et de partager avec vous notre vision pour l’année prochaine et celles à venir.

La collaboration avec notre nouvelle Direction nous a permis de franchir des étapes importantes et de renforcer davantage notre organisation. L’introduction d’une « gouvernance » moderne et la réorganisation de nos départements font partie des mesures qui nous rendront plus flexibles et plus efficaces. Les recommandations issues de l’audit 2023 ont été au cœur de nos priorités, guidant nos efforts pour optimiser nos processus, améliorer nos services et renforcer nos structures internes. Un autre point marquant de cette année a été notre investissement dans nos collaborateurs. En embauchant de nouveaux talents, en mettant en place des programmes de formation ambitieux et en collaborant avec près de 800 employés municipaux, nous avons donné à nos employés, la possibilité de développer davantage leurs compétences et ainsi de renforcer le Sigi en tant qu’organisation.

Pour 2025, nous avons défini deux priorités stratégiques. Tout d’abord, nous continuerons à renforcer notre relation avec nos communes membres, notamment en recrutant des personnes de contact dédiées, appelées « Key Account Managers ». Nous développons également d’autres solutions mieux adaptées aux besoins spécifiques des communes. Nous continuerons à présenter nos évolutions dans les prochaines éditions de la newsletter. Ensuite, nous mettrons un accent particulier sur les évolutions technologiques de nos produits, en intégrant des innovations de pointe qui garantiront des outils performants, intuitifs et conviviaux. Nous souhaitons non seulement améliorer nos services, mais également, être à la hauteur de la confiance que vous nous accordez. La confiance mutuelle est la condition préalable à une coopération bonne et efficace et est donc particulièrement importante pour nous.

Je tiens à vous remercier tous pour l’immense soutien que vous nous avez apporté au cours de l’année écoulée. Je remercie particulièrement nos collaborateurs pour leur énorme engagement. Ils sont tous déterminés à vous rejoindre dans un avenir ambitieux et à apporter leur part à la modernisation des communes.

L’année 2024 touche à sa fin et j’espère que vous pourrez également regarder votre année avec satisfaction. Si vous en avez l’occasion, je vous invite à prendre un moment pour célébrer vos réussites et vous ressourcer en vacances avec vos proches. Je vous souhaite joie, paix et énergie positive.

Nous nous réjouissons de poursuivre cette formidable collaboration au cours de la nouvelle année 2025, où nous continuerons à travailler à la construction d’un SIGI encore plus efficace, innovant et adapté à vos besoins.

Avec le Bureau, je vous souhaite à tous de joyeuses fêtes et un bon début d’année 2025.

Mes salutations chaleureuses,

Philippe Meyers
Président du SIGI