Bilan a Perspektiven
De SIGI setzt op eng mënschlech a zouverlässeg Gouvernance
Interview mam President a Vize-President
Mat dëser Spezialeditioun wëllen de Bureau an d’Commission de redressement Iech iwwert déi neisten Entwécklunge beim Syndicat Intercommunal de Gestion Informatique ( “SIGI”) informéieren. Zënter Abrëll als President a Vize-President un der Spëtzt vum SIGI, hunn de Philippe Meyers an de Guy Breden op déi lescht Méint zeréckgekuckt.
Vu lénks no riets : Luc Feller, Guy Breden, Philippe Meyers, Josiane Di Bartholomeo-Ries, Marc Ries
Net op der Foto : Frazer Alexander, Alex Donnersbach, Serge Thein, Claude Thill, André Zwally
De SIGI war vill an de Schlagzeilen, wéi sidd dir aus dëser schwiereger Zäit erauskomm ?
Philippe Meyers : D’Konklusiounen aus den 3 Experterapporte ware wéi en Alarmzeeche fir all d‘Membere vum Comité. Doduerch konnte mir relevant, geziilt Froe stellen a méi Transparenz afuerdere, sief et am Beräich vum Personalmanagement, der allgemenger Gouvernance oder der Budgetspolitik.
Dës Rapporten hunn endlech Äntwerten op all déi bestoend Froen geliwwert iwwert d’Zesummesetzung an d’Utilisatioun vum Budget, der Finanzgestioun vum SIGI, esou wéi d‘Grënn vun der héijer Personal Fluktuatioun an déi allgemeng Onzefriddenheet vun den Clienten. Den Ausmooss vun där Onzefriddenheet war schon iwwerraschend: 47% vun de Notzer ware mat den Aarbechtsusätz an och de Solutioune vum SIGI onzefridden. Et war kloer, dass de SIGI eng Professionaliséierung vu sengen Aarbechtsmethode gebrauch huet fir de Client nees an de Mëttelpunkt ze stellen.
Guy Breden : Et gouf e pluriannuelle Sanéierungsplang ausgeschafft, fir d’Erausfuerderungen ze meeschteren déi an den 3 Analysen opgezeechent goufen. D’Commission de redresseement, déi aus dem Alex Donnersbach, dem Frazer Alexander an dem Serge Thein besteet, gouf geschafe fir de Groupe de travail, dee responsabel fir den Analyseprozess war, z‘ersetzen. Sie hunn enk mam Bureau zesummegeschafft, fir déi strategesch Entscheedunge virzebereeden, déi fir d‘Sécherung vum Fortbestoen vum SIGI noutwendeg waren, an déi vum Bureau bestäteg goufen, dorënner d’Ëmsetzung vum eisem Sanéierungsplang an d’Kreatioun vun enger Commission micro-informatique, déi de Kontakt zu de Gemengen hierstelle soll.
An de leschte néng Méint gouf eng bedeitend Iwwergangsphase agleet, déi ugangs Januar op en Enn kënnt, wann de neien Attaché à la Direction säi Posten iwwerhëlt.
An de leschte Méint hu mir eis Kommunikatiounsbeméihungen intensivéiert, eis Mataarbechter méi staark matabezunn, an duerfir gesuergt, dass eis Clienten de richtegen Uspriechpartner hunn. Den Astellungsprozess vum enger neier Gestiounsequipe gouf methodologesch an deontologesch duerch en „Assessment Center“ ugaangen, an deen all d‘Memberen vum Bureau a vun der Commission de redresseemnt als Assesseuren matimplizéiert waren.
Déi nei Mataarbechter erhalen ausserdeem e professionellen „Onboarding“. Soubal déi Etapp iwwerstanen ass, kënne mir eis Bedeelegung um operative Niveau reduzéieren, an déi dagdeeglech Gestioun vum SIGI un deen neien Attaché à la Direction delegéieren, woubäi mir eis op eng festgeluechten, robust Gouvernance stëtzen.
Wisou hutt dir iech fir de Poste vum President a vum Vize-President interesséiert ? Dir gehéiert och zwou verschiddene politesche Parteien un. Wéi wäit spillt Politik am Bureau eng Roll ?
Philippe Meyers : Bei de Reunioune vum Comité war eis Onzefriddenheet schonn zënter enger Zäitche spierbar. De Guy an ech, mir hunn ni gezéckt fir eis Bedenken ze äusseren, a wéi sech d’Geleeënheet ugebueden huet fir Responsabilitéit z’iwwerhuelen, hunn mir déi ergraff. Meng Relatioun zum Guy besteet schonn zënter ville Joren a mir hunn eis dacks mat anere Membere vum Comité ausgetosch. Mir kommen allebéid aus dem Beräich vun der Informatik. Obwuel mir verschiddene Parteien ugehéieren, war dat ni e Problem, ganz am Géigendeel. Eisen Interessi fir de SIGI an d’Informatik stoung ëmmer iwwer allem.
Guy Breden : Mir schaffen allebéid fir déi zwou gréisste Gemengen aus dem Land: de Philippe fir d’Gemeng Esch-sur-Alzette, an ech fir d’Stad Lëtzebuerg. De SIGI schafft enk mat Buergermeeschteren, Schäffen- a Gemengeréit aus 99 Gemengen, a mat verschiddene Ministeren zesummen, déi all aus ënnerschiddleche Parteie kommen. Wat an esou engem Kontext am Vierdergrond steet, dat ass eng konstruktiv Zesummenaarbecht. Parteipolitik huet hei keng Plaz. Déi Zesummenaarbecht an den Interêt un der Saach ware fir eis ëmmer méi wichteg wéi all politesch Iwwerleeungen. Meng Haaptmotivatioun ass zur Moderniséierung vum SIGI a vu senge Membergemenge bäizedroen.
Wat huet sech un der Aarbechtsmethode vum Bureau zënter den Experterapporten geännert?
Philippe Meyers : Mir hunn eis entscheet fir d‘Diversitéit, d‘Spezialiséierung a d‘Verbesserung vun den Entscheedungsprozesser innerhalb vum Büro opzewäerten. Mir hunn d‘Rollen innerhalb vum Büro de professionelle Kompetenzen no nei verdeelt, zum Beispill sinn d’Josiane Di Bartholomeo-Ries, de Marc Ries an de Serge Thein zoustänneg fir alles wat d‘Immobilië betrëfft, den André Zwally ass en charge vun de Gestiounsfroen déi Personal betreffen, de Frazer Alexander huet d’Verwaltungsaarbecht iwwerpréift, de Luc Feller an den Alex Donnersbach këmmeren sech ëm déi legal Aspekter, de Guy an ech sinn zoustänneg fir d’IT, an de Pierre Mangers (MANGHINI Consulting) huet als externen Expert d’Koordinatioun vun all de Moderniséierungsbaustellen iwwerholl.
Guy Breden : Dësen Usaz huet eis Méiglechkeet gin, d’Entscheedungsprozesser ze verbesseren an dat technesch Fachwëssen ze verdéiwen. Et fërdert och d’Solidaritéit ënnert de Membere vum Bureau a stäerkt esou och d’Eenheet als agespillten Team.
Op wéi eng Strategien wëll de Bureau an Zukunft setzen ?
Philippe Meyers : Transparenz bleift op allen Niveauen eis zentral Uleies. Dofir huet de Bureau déi éischte Kéier a der Geschicht vum SIGI mat der Dokumentatioun vum Budget initial 2024 och eng detailléiert Duerstellung vun de strategeschen Achsen a politesche Prioritéiten opgestallt. D’Zil war et fir en explizitten Iwwerbléck ze ginn iwwer eis Zieler wat d‘Notzung vum Budget betrëfft, éier en dem Comité zur Ofstëmmung virgeluecht gouf.
Guy Breden : De Budget gouf iwwregens eestëmmeg gestëmmt, a mir konnten en intensiven Dialog mat eise Bailleurs de fonds hun. Dës Transparenz erliichtert den Austausch, an assuréiert och en effikasse Fonctionnement vun eisem Syndicat, esou wéi d‘Kontroll vum Budget. Um Niveau vum Personal hunn mir ugefaangen extern Consultanten no enge präziser Methodologie ze internaliséieren, esou wéi dat och aus de Konklusioune vun den Analysen iwwert de Fonctionnement vum SIGI ervirgaange war. D’Zil ass et eis intern Expertise wieder ze stäerken, a fir e Verhältnis vun 80% intern, an 20% extern Personal ze erzielen, an och gläichzäiteg all iwwerflësseg Ausgaben ( zb SIGI Roadshows) ze sträichen.
Philippe Meyers : Wat d’Zefriddenheet vun eise Clienten ugeet, ass et wichteg dass d’Gemengen an Zukunft nëmmen nach een eenzegen Usprichspartner hunn, deen d’Dossiere weiderverfollegt. Mir wëllen en neit Departement schaffen, fir Clientsbetreiung ze stäerken. All Gemeng wäert eng speziell Kontaktpersoun an eisem Departement Relation Client kréien, déi am Sënn vun engem „Key Account Manager“ systemesch beurteelt, ob dem Client seng Besoinen erfëllt goufen.
Guy Breden : Eng weider Prioritéit ass d’Stäerkung vun der Zesummenaarbecht mat externe Partner: MyGuichet, dem CTIE, de Ministèren an de Verwaltungen, fir gräifbar Synergien ze identifizéieren. Laangfristeg wëlle mir zum Beispill d’Plattform MaCommune no a no ersetzen an déi Fonktionaliéiten a MyGuichet integréieren fir den Zougang fir d’Bierger an och d’Membergemengen op enger eenzeger Plattform ze vereinfachen an d’Benotzererfahrung ze verbesseren.
Wat ass Iech am Koalitiounsvertrag vun der neier Regierung opgefall ?
Philippe Meyers : D’Regierung wëll eng ëmfaassend Digitaliséierungsstrategie fir all d‘Ministèren, d‘Verwaltungen an d‘Gemengen aféieren, déi eng Analys vun de spezifesche Besoinen an och eng Feuille de route virgesäit. Eis Ziel ass d’Virgäng vun der digitaler Baugeneemegung ze vereinfachen an ze beschleunegen. Dëst verséchert eng reiwungslos an effizient Zesummenaarbecht tëschent de Gemengeverwaltungen an de Ministèren. D’Schafung vu konkrete Synergien tëschent dem CTIE an dem SIGI steet esouguer am Koalitiounsvertrag. Am Ufank vum Oktober 2023 koum et zu éischte Reunioune mat dem CTIE an et gouf schonn zesummegeschafft.
Guy Breden : D’Aféierung vun enger elektronescher Signatur an de Gemengeverwaltungen, d’Fërderung vun elektronesche Rechnungen, d’Sécherung vun der ITC-Infrastruktur, souwéi d’Ënnerstëtzung vum Ausbau vun der Plattforme eMInt zur Verbesserung vun der Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen, de Ministèren an de Verwaltunge sinn Themen, déi vun der neier Regierung als héich Prioritéit ugesi ginn. Mir schaffen all an déi selwecht Richtung, nämlech de Bierger a de Gemengen de beschtméiglechen Zougang zu digitale Servicer a Produiten ze bidden.
Wat war déi gréissten Erausfuerderung, wéi Dir de Poste vum President a vum Vize-President iwwerholl hutt ?
Philippe Meyers : E Syndikat ze leeden, wann et keen Direktiounsteam gëtt, ass natierlech eng immens Erausfuerderung. Dëst erfuerdert en innovativen Usaz an eng verstäerkt Zesummenaarbecht innerhalb vun den Equippen, op allen organisatoreschen Niveauen. D’Mataarbechter vum SIGI hu mat all hire Fäegkeeten an hirem Fachwëssen zu der Villfalt vun de Projeten bäigedroen an eng grouss Upassungsfäegkeet bewiessen, fir déi mir hinne Merci soen.
Guy Breden : Am Ufank war et wichteg, d’Leader vun der Kompetenzzentren (ofgekierzt „CDC“) kennenzeléieren an d’Vertraue vun de Mataarbechter ze gewannen. D’Stäerkung vum Zesummenhalt vun den Equippen war e wichtegt Zil. Wärend dëser Phase gouf intern e Comité de Transition mat internen Experten op d’Bee gestallt, déi thematesch Theme suivéiert hunn. Mam Comité de Transitioun goufe reegelméisseg Reuniounen organiséiert. Dës hunn d’Zesummenaarbecht, den Austausch vun Iddien an dat gemeinsam Léise vun de Problemer verbessert, a gläichzäiteg fir eng positiv Dynamik innerhalb vum SIGI gesuergt.
Wéi konnt dir d’Vertraue vun de Mënschen zréckgewannen a wéi war d’Aarbechtsatmosphär ?
Guy Breden : Mir hunn en intensiven Dialog mat de verschiddenen Servicer gefouert an hinnen och nogelauschtert. Historesch war et net üblech, dass d’Mataarbechter direkt mat de politeschen Entscheedungsträger interagéiert hunn, mee dëse neien Usaz huet et erméiglecht, dass déi iwwert Zäit ugesammelt Problemer proaktiv konnten an Ugrëff geholl ginn. Mir sinn zouversiichtlech, dass mir d‘Personalverwaltung mat der neier Responsabel des Ressoures Humaines, déi den 1ten Dezember hir Mandat iwwerholl huet, uvertraue konnten, an ënnerstëtze sie an hirer Roll. D’Personal huet elo nees eng Persoun, där si vertraue kënnen, déi hinnen no steet, un déi si sech direkt wende kënnen, ouni iwwert de President oder de Vize-President fueren ze mussen.
Philippe Meyers : Mir stounge reegelméisseg a Kontakt mat de Personaldelegatiounen an hunn hir Meenung bei eisen Decisioune berécksiichtegt, zum Beispill beim Thema „Teletravail“. Allerdéngs kann all Entscheedung widderruff ginn, wann sech dee gesetzlechen a regulatoresche Kader an de Bedarf u Personalasäz ännere sollt.
D’Kommunikatioun iwwert déi wichtegst Entscheedunge gouf duerch intern Communiquéen oprecht gehal. Mir hunn och e „Lëtz Meet“ organiséiert, eng informell a feierlech Renconter tëschent dem Personal an dem Bureau, fir déi individuell a kollektiv Leeschtunge vun de leschte Méint ervirzehiewen an d’Personal iwwert déi neisten, organisatoresch an technesch Entwécklungen ze informéieren.
Guy Breden: Aus allgemenger Siicht war schéin ze gesinn, wéi motivéiert d’Personal ass.
Wéi hutt dir mat de Member Gemengen zesummegeschafft, fir hir Vertrauen zréckzegewannen ?
Guy Breden : De SIGI huet de Schwéierpunkt op d’Kärgeschäft vun de Gemenge geluecht. Mir hunn eng Commission micro-informatique an d’Liewe geruff, eng Synergieplattform fir d’Verbesserung vun den IT-Servicer vun de Membergemengen. Sie besteet am Moment aus 28 IT-Ambassadeuren. Hir Haaptaufgab besteet doran, Synergien ze schaffe fir de SIGI duerch eng konstruktiv Zesummenaarbecht beschtméiglechst dobäi ze ënnerstëtzen den effektive Bedierfnisser vun de Gemenge gerecht ze ginn. D’IT-Responsabel vun de Gemenge konnten all participéieren.
Philippe Meyers : Mir hu geplangt fir de President an och déi zwee Vice-Presidenten, de Mike Braconnier, respektiv de Marc Bettendorff an de Christophe Meyers, a reegelméissegen Ofstänn an de Bureau anzelueden, fir d‘Virschléi an d‘Resultater vun dësem neie Berodungsforum ze presentéieren.
Wéi gesäit laangfristeg Är Visioun vum SIGI aus ?
Philippe Meyers : De SIGI muss endlech déi Plaz anhuelen, déi him bei der Moderniséierung vun de Verwaltungsofleef zousteet, andeems intelligent Synergien mat dem CTIE an der Stad Lëtzebuerg geschaffe gin, am Interêt vun enger effizienter Erfëllung vun de Besoinen, déi vun all de Clienten geäussert gin: de Gemengen, de Syndikater, de Ministeren, den Offices sociaux a de Crèchen.
Guy Breden : Mir wëllen dozou bäidroen, dass de SIGI zu engem wichtegen Acteur bei der Digitaliséierung vun de Gemenge gëtt, an dass mir eis net nëmmen op intelligent Stied („smart city“) beschränken, mee zu enger „smart nation“ ginn.